Changer d'édition

Dräi Memberen aus dem Wanderveräin Uewerdonwen geéiert.

FLMP hat kierzlech seng Memberen zu enger „ Journée de récompenses „ op Habscht agelueden. Leit aus verschiddenen Veräiner goufen fir 5 – 10 – 15 – 20 – 25 asw Joeren an engem Comité souwéi déijéineg , déi vill Kilometeren op IVV – Wanderungen zerë!zréckgeluecht hunn, geéiert. Vum Uewerdonwener Wanderveräin ass den Marc van Beusekom fir 10.000 getrëppelt Kilometer geéiert ginn. Wéinst enger Familljefeier konnt den Marc bei dëser sympathescher Feier net dobäi sinn. Dax’en Fern Sekretär am Wanderveräin zou Uewerdonwen ass fir 5 Joer Zougehéieregkeet am Comité mat dem Eierenofzeechen vun der F.L.M.P. am Sëlwer ausgezeechent ginn, obschonns hien dës Charge als Interim just wärend engem Joer wollt iwwerhuelen. FLMP huet dëst Joer eng Unerkennung un verdéngschtvoll Memberen verginn, an hei ass eisen Member aus dem Wanderveräin den Raymond Beckius fir seng laangwiereg Aarbecht am Déngscht vum Télévie ausgezeechent ginn. Hien organiséiert säit Joren Télévie-Wanderung zu Moacher an ass eleng zoustänneg fir Strecken, déi Wanderer duerch herrlech Landschaften vum Museldall féieren. Di nächst Télévie-Wanderung ass den 23. Februar 2020 a mir lueden elo schonns all Wanderfrënn an sech dësen Datum am Kalenner ze notéieren. De Comité an Memberen vun de Muselfrënn Uewerdonwen félicitéieren dem Raym fir des Unerkennung. Den Raymond Beckius konnt aus gesondheetlechen Grënn dës Unerkennung net entgéint huelen a mir wënschen him vun dëser Plaz eng gutt Besserung