Changer d'édition

Bamschnettcours mat dem Gaart an Heem vun Uewerkäerjeng

Dëser Deeg hat de Gaart an Heem vun Uewerkäerjeng op Käerjeng an de Bongert invitéiert. Eppes méi ewéi 20 Memberen hunn dës Geleeënheet genotzt an hunn sech interesséiert - bei frëndlechem Wieder - vum CTF-Fachmann Remy Bintener, d’Konscht vun der fachgerechter Uebstbamschnëttpfleg respektiv vum Praffen erklären a weisen, gelooss.

Zum Ofschloss huet de Veräin all senge Gäscht nach d’Ouschtere geschenkt, esou dass des hiren Heemwee mat zefridde Gesiichter ugetrueden hunn. Alles an allem e vollen Succès. (C.Kieffer)