Changer d'édition

Ongewëss Zukunft vun der Clausen an Neiduerfer Musek trotz positivem Bilan.

Schwiereg Generalversammlung vun der FOFA wéinst Infrastruktur Problemer.

De President Marc Angel huet d‘Memberen vun der Clausener an der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek begréist a Merci gesot fir hir Präsenz an zu enger Gedenkminutt fir déi Verstuerwen Memberen vum vergaangenen Joer opgeruff. Mat Mercien goung et weider un d’Musikanten , dem Chef, dem Archivar fir hiren Asaz während dem vergaangene Joer. Un Theaterequipe déi mat “Eng Éierbar Gesellschaft“ d’Publikum am Centre Culturel am Neiduerf konnten begeeschteren, an un all déi d’Musiken finanziell a moralesch ënnertstëtzen. Als Ofschloss e Merci un d’Gemeng mat engem faden Bäigeschmaach well een sech am Plang gelooss fillt. De President huet d’Problem mat der Gemeng mat engem Historique erklärt. Décisioun vun der Gemeng fir eng nei Schoul fir d’Faubourgen a Clausen ze bauen huet de Lieschsaal mat ëmgeréits missen ofgerappt ginn. Well de Lieschsall och nach Prouf a Concertsall vun der Clausener Musek war, der eelster Musek vun der Stad Lëtzebuerg, gouf säitens der Gemeng no engem neien provisoreschen Proufsall gesicht. Provisoresch, well versprach gouf dass an der neier Clausener Schoul e Proufsall fir d’Musek virgesinn ass. Et gouf no villem hinn an hier e provisoreschen Proufsall um Weimeschhaff fonnt, deen zwar net Ideal ass, mee awer Parkméiglechkeeten am Haff huet an net wäit vun Clausen an Neiduerf situéiert ass fir de Kontakt zu de Faubueren ze erhalen. De Sall sollt och fir d’iwwergangszäit esou aménagéiert ginn dass eng Prouf mat aschrenkungen kënnt ofgehalen ginn bis déi nei Schoul a Clausen färdeg ass. Déi nei Schoul a Clausen ass färdeg an op Nofro wéi et mam neie Proufsall ass, krut Musek déi lapidar Äntwert. „Oh, dat hu mer vergiess“ An der Zwëschenzäit reent et eran, d’Heizung fällt ëmmer neess aus, et mëffelt, verschidden Musikanten kréien Tréinen an d’Aen, net well se nëmmen Traureg vun der Situatioun sinn, mee well eng Ätzentatmosphère besteet. Eng normal Prouf an och soss Aktivitéiten si schwiereg. Zu allem iwwerfloss fuerdert elo och nach eng Damm am Numm vum Syndicat dass d’Autoen mussen aus dem Haff, an mëssbraucht hiren Beruf als Reporter fir Kuederstëmmung bei der Gemeng ze maachen. Op déi aner Memberen vum Syndicat dat wëssen ass eng aner Fro. D’Clausener Musek, déi eelsten aus der Gemeng, an d’Neiduerf-Weimeschhaffermusek hu reagéiert an eng Entrevue mat der Buergermeeschtesch ugefrot. D’Lescht Joer am Juli war op der Plaz mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer eng visite des lieux wou all ons Reklamatiounen discutéiert goufen an si sech och erstaunt gewisen huet iwwert verschidden Mesuren déi gemaacht goufen an aner déi net geschitt sinn. D’Musek krutt an allen Punkten satisfaktioun an et gouf och versprach Parkplazen anzezeechnen esou dass e gereegelt Parken fir d‘Musek méiglech ass. An der Zwëschenzäit ass geschwënn e Joer vergaangen an d’Heizung fällt nach ëmmer aus esou dass am Mantel mat kalen Fangeren muss geprouft ginn. Et reent nach ëmmer eran, esou dass eng brong Britt aus dem Plafang leeft an Instrumenter, Nouten, Pullter an Gezei beschiedegt. Et mëffelt an eng Ätzentatmosphère besteet nach ëmmer. Elo krut Musek vun der Gemeng nach e Bréif, ënnerschriwwen vun der Buergermeschtesch, wou dra steet dass an Zukunft net méi am Haff därf geparkt ginn. Et kann een sech d’Fro stellen wien dann elo d’soen an der Gemeng huet. Dass d’Madame Buergermeeschter hiert verspriechen net sollt halen, ass jo awer kaum unzehuelen. Et ass eng existenziell Situatioun fir d‘lokal Museken enstanen wou een eigentlech gemengt hat et kënnt een mat 57 Schüler berouegt an d’Zukunft kucken. Net ze verstoen ass, dass en Syndicat e lokale Veräin boykottéiert an eng Gemeng déi eelsten Musek esou am Stéch léisst an mobbt. Doropshin ass eng reeg Diskussioun ausgebrach déi de President ënnerbrach huet fir beim Divers nach driwwer ze schwetzen well et misst ee jo nach déi alljäerlech Generalversammlung ofhalen. Den Philipp Lee huet den Aktivitéitsbericht virgedroen an och op déi kommend Aktivitéiten higewisen. Dem Keessjee André Heinen no kéint ee berouegt an d‘Zukunft kucken a konnt en equilibréierten Bilan virstellen deen duerch den Keesserevisor Claude Hornick bestätegt gouf. D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keessebericht per acclamatioun ugeholl. Als neie Keessereviseur koum de Guy Grosber nach bäi. Duerno war et deelweis neiwiel vum Comité wou de Pierre Haag seng Kanditatur net méi gestallt huet awer nach als Archivar an fir weider Aarbechten zu verfügung steet. Et bleiwen nach Plazen am Comité fräi. Erfreelech war Medaillenverdeeleng duerch de Gilbert Guirsch, President an Josy Kontz, Regionalvertrieder vun der UGDA un verschidden Meritant Memberen. …...Christian Loewen; Peggy Haag; Gilles Haag…. Emile Hermes… Am Numm vun der UGDA huet den Här Guirsch de Museken Merci gesot fir hiren kulturellen Asaz, Lokal wéi och National, an Courage gewënscht fir Zukunft. Schockéiert war den Emile Hermes, Sekretär vun der USMVL, Daachverband vun den Statermuseken, iwwert déi onméiglech Situatioun um Weimeschaff a versicht zu enger Léisung bäizedroen. D‘Wuert war um Dirigent, Ansis Nikolovskis; deen de Musikanten Merci gesot huet fir d‘Concerten op der Plëss, dem Concert um Kiem a war besonnesch houfreg op d‘Performance vum Concert zu Sandweiler deen och an engem Musekswiedegen Kader ofgelaf ass. Esou Concerten an deem Kader misst een méi oft kënnen ofhalen. De Chef huet och nach eng Kéier op déi onméiglech Situatioun um Weimeschhaff higewisen wou et schwéier ass fir anstänneg Prouwen mat de Schüler an dem groussen Orchester ofzehalen an och Instrumenter fir d‘Schüler an Ersatzinstrumenter beschiedegt ginn. Duerno war den Divers wou natierlech Discussiounen iwwert déi onméiglech Situatioun weider gaangen sinn, och nach nodeems de President d‘Generalversammlung ofgelschoss huet.www.fofa.lu