Changer d'édition

Willibrodusfeier mat Altorwei zu Monnerech.

Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Evangile.

Op Päischtméindeg war zu Monnerech déi traditionell Willibrordusfeier. Op d'Invitatioun vum Här Paschtouer Charles Bremer ass den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich op Monnerech komm, fir dëser Feierlechkeet virzestoen. No der Begréissung vum Här Äerzbëschof an der Prëssessioun zu Éieren vum Hellegen Willibrord, dem Patréiner vun der Monnerecher Kierch huet den Här Äerzbëschof zesummen mat den Geeschtlechen, dem Paschtouer Charles Bremer, dem Abbé Raymond Streweler, dem Abbé Denis Wellisch an dem Diakon Fränk Strock d'Mass an der Monnerecher Kierch gefeiert. Wärend dëser Massfeier huet den Här Äerzbëschof den Altor konsekréiert. An senger Priedegt huet den Här Äerzbëschof den Sënn vum Altor an enger Kierch erkläert an d'Beispill vun den Hellegen Kierchepatréiner opgegraff, deenen hir Reliquien uschléissend am Altor hir Platz fonnt hunn an déi ee Virbild vun Gemeinschaft fir d'Par solle ginn. Bei dëser seelener liturgescher Handlung goufen ënnert anerem Reliquien vun den Kierchepatréiner aus der Par, dem Hellegen Willibrord, Hellegen Hubertus, Hellegen Eligius an dem Hellegen Martin an den Altor agebaut. D'Massfeier gouf gesongen vun den Sängerinnen an Sänger aus der ganzer Par. No de festlechen Gottesdéngscht huet d'Fabrique d'Eglise Mondercange an den Willibrordus-Home invitéiert.

Text vum Paschtouer Charles Bremer.