Changer d'édition

Nei Gediechtnistrainerinnen an nei Presidentin beim LVGT asbl

Am Juni hat de Letzebuerger Verein fir Gediechtnistraining (LVGT asbl) seng Generalversammlung nodeem datt Corona et erlaabt huet zesummenzekommen. An engem grousse Sall, wou d’Ofstänn konnte garantéiert ginn, huet de President Jean-Pierre DAHM 82% vun de Membere kënne begréIssen. Duerch d’Pandemie war et net méiglech am vergaangene Joer Gediechtnistraining unzebidden.

No engem Opruff an der RTL-Emissioun „Am Gespréich“ haten sech eng ganz Parti Interessente gemeld fir eng Formatioun als Gediechtnistrainer matzemaachen. Sou konnt de Verein, no enger Ausbildung vun dreimol eng Woch, wuvun déi zwou éischt nach a Präsenz konnte geschéien an déi letzt online ofgehal ginn ass, 9 nei ausgebild Gediechtnistrainerinnen als Member ophuelen. Et sënn dëst déi Dammen Bissen Rebecca, Braun Helene, Ensch Alexa, Lallemang Astride, Nittel Henriette, Pauels Marga, Oms Marie-Paule, Sauer Carine a Weiss Brigitte.

De President huet seng Kandidatur net méi gestallt, an et hunn sech 4 nei Memberen fir an de Comité gemeld. Am Comité, mat der Mme Elisabeth Bastian als Presidentin, sënn di Dammen Gaby Berweiler, Helene Braun, Alexa Ensch, Elli Hein, Edmée Hoffmann, Andrea Ludovicy, Marie-Paule Oms, Emilie Ries an den Här Gilles Reyter.

D’Generalversammlung huet de Grënnungspresident Jean-Pierre Dahm zum Éierepresident ernannt.

Text unter dem Bild: Déi nei Gediechtnistrainerinnen mat hirem Éierepresident an hirer Formatrice (vir rechts) Photo: Gilles Reyter