Changer d'édition

Monnerech séngt a spillt.

Monnerech séngt a spillt.

Organiséiert vum Schäfferot Gemeng Monnerech an der Kulturkommissioun.

De Concert vun haut den owend (26.10) mat alle kulturelle Veräiner aus der Gemeng besteet zënter 1971.

Fir d’éischt goufen des Optrëtter vun dem „Syndikat d’Initiative“ an duerno vun der Kulturkommissioun organiséiert ënnert dem numm Cäcilienconcert, zu Éier vun der helleger Cäcilia,Patréinesch vun de Sänger a Musikanten.

Säit e puer Joer ass de Numm vun dëser traditioneller Manifestatioun ugepasst ginn an heescht haut: Frëndschaftsconcert

Fir de Numm Frëndschaft ze ënnersträichen, trieden d’Veräiner elo alleguerten zesummen op ,esou d'Marianne Baustert-Berens , Presidentin vun der Kulturkommissioun.

Den Optakt hun d'Monnerecher Jongbléiser ënnert der Leedung vum Dirigent Claude Mander gin. Si feieren d'nächst Joer hiert 25- järegt Jubiläum.

D’Choralen Ste. Cécile Steebrécken-Biergem, Ste. Cécile Monnerech, Singing Ladies Monnerech, Chorale Lidderfrënn Monnerech,hun zesumme mat der Harmonie Municipale, ënnert der Leedung vum Dirigent Sébastian Geis e flotte Programm bruecht.

Vum Giuseppe Verdi sengem Zigeiner-Chor aus der Oper „Il Trovatore“ iwwert Potpouri vun Abba an Udo Jürgens esou ewéi och e Meddley mat bekannte letzebuerger Lidder.Derzweschent "My heart will go on " , Le lac du Conemara ( M.Sardou), Als Zougab as et do nach de Radetzki-Marsch gin.

Mat Standing Ovation sinn Sänger an d' Harmonie Municipale vum Publikum belount ginn.

Den Erléis vum Owend geet un Monnerech Hëlleft asbl.