Changer d'édition

D'Monnerecher Lidderfrënn sangen däitsch Hits aus de läschte Jorzéngten

Virun engem vollbesaate Sall hunn d'Lidderfrënn lo kierzlech op hierem Gala-Concert däitsch Hits aus de läschte Jorzéngten zum Beschte ginn. Vun "Heimweh" aus dem Joer 1956 bis "Wie schön du bist" aus dem Joer 2015 war vun allem dobäi. Oft hunn d'Leit am Publikum sech vun de bekannte Melodien matrappe gelooss an hu matgesongen. Et war eng gutt Stëmmung am Sall bei Lidder wéi "Atemlos", "Sierra Madre", "Über 7 Brücken", "99 Luftballons" a villen aaneren. Um Enn gouf déi vill Méih dann och mat räichlech Applaus belount an no enger Zougaab sinn d'Leit mat deem engen oder aaneren Ouerwuerm heemgaangen.