Changer d'édition

Cäcilienfeier Monnerech

No engem festlechem Gottesdéngscht, zelebréiert vum Abbé Charles Bremer,ass Cäcilienfeier 2019 vun der Chorale Ste Cécile Monnerech ageleet ginn. De Chouer ass vum Claude Clement op der Uergel begleet ginn. Verdéngschtvoll Sänger (in) sinn vum Patrick de Rond, Vertrieder vum Piusverband ausgezeechent ginn.

Sëlwermedail fir 20 Joer krut de Henri Schintgen, fir 30 goung eng Goldmedail un d‘Léonie Seyler. Eng zweet Goldmedail goung un de Jeannot Fürpass, deen net nëmme Sänger, mee säit 1993 och President vum Chouer ass. Zum Schluss krut vir 50 Joer Engagement am Déngscht vun der Allgemengheet den Aloyse Hames d’Pius Goldplaquette.

Nodeems den Abbé Charles Bremer de Sänger och säi Luef ausgesprach, an de Chouer Cäcilielidd gesongen huet, ass am Willibrordusheem weider gefeiert ginn.

Virum engem deftege Mëttegiessen, hunn déi Geéiert nach e Cadeau iwwerreecht krut, an Cäciliendag ass sou no e puer gemittleche Stonnen ausklénge gelooss ginn.