Changer d'édition

Scheckiwwerreechung vum Second-Hand Maart

No zwee Joer Paus hu mir eisen Second Hand Maart nees relancéiert. Des Kéier am klenge Kader a just mat Baby-, Kanner a Jugendkleeder, Babyaccessoiren, Schong, Poschen, Bicher, Spiller a Spillsaachen. Rendezvous am Scoutshome hu mir den 30. Mäerz owes eisen schwangeren Mammen ginn. Den 31.03. an den 1.04. war op fir jiddereen. De Succès war grouss an duerfir konnte mir en Don u folgend Organisatiounen maachen:

· 4000 € un Croix-Rouge fir e Projet an der Ukrain a fir ukrainesch Léit

· 2000 € un Stroossen Engelen fir bedierfteg Leit hei am Land

· 2000 € un Rokku Mi Rokka fir behënnert Leit am Senegal

· 2500 € un Fight for my Sister fir eng Kriibspatientin

· 500 € un Oeuvres paroissiales fir d Käschten vum Scoutshome

No engem Patt hu mir den Owend a gudder Gesellschaft auskléngen gelooss.

Mir erënneren iech un eisen nächsten Second Hand Maart zu Biereng an der Hal Irbicht

Mëttwochs, den 5. 10. 2022 vun 17.00-20.00 Auer fir schwanger Fraen.

Donneschdes, 6. Oktober 2022 vun 14.00-21.00 Auer.

Freides, den 7. Oktober vun 10.00-19.00 Auer.

Samschdes, den 8.Oktober vun 10.00-15.00 Auer.

De Comité vun de Jeunes Mamans Mersch