Changer d'édition

Piazza Band in Concert um Camping Krounebierg


Miersch: Op e flotte Summerconcert hat de Syndicat d’initiative Miersch, fir e Freiden, 19. Juli um Mierscher Camping Krounebierg invitéiert. Di 12 Musiker vun der „Piazza Band“, haten 15 bekannt Melodien aus aller Welt op hirem Programm, déi vun engem dankbare Publikum mat vill Applaus honoréiert guefen. No den gefuerdeten Zugaben war et dann um SI- Präsident Abby Toussaint mat senger Sekretärin Jöelle Feller- Wilmes déi dem Chef Armand Bleser als Merci e klenge Cado iwerreecht hun. Bei deser Geleeënheet ass de Willy Laugs , langjährige Comitésmember och nach fir säin 74. Geburtsdag häerzlich gratuléiert gin. (TEXT a FOTOEN: CHAREL REISER)