D'Mierscher Gemeng an de Geschäftsverband invitéieren op de
Chrëschtmaart zu Miersch
den 10. an 11. Dezember 2011
op der Méchelsplaz
an der Rue G.-D. Charlotte
Op 40 Stänn gi Chrëschtartikelen, Käerzen, Décoratioun asw. verkaaft.
Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
De ganzen Dag iwwer Attraktiounen an Animatioun an de Stroossen, Ieselreiden fir Kanner, eng Schmëdd wéi fréier.
Samschdes vu 17.00 – 1.00 Auer
17.00 h: Offiziell Ouverture duerch eis Gemengenautoritéiten mam Weihnachtsmann a sengen Engelcher a Begleedung vun der Mierscher Musek
Chrëschtdagsstëmmung bis an d'Nuecht eran
Drums vu Kielen: Stroossenanimatioun
Collectif Dadofonic: Stroossenanimatioun
Sonndes vun 11.00 – 18.00 Auer
Aperitif, Menuer a Snacks si garantéiert duerch eis Mierscher Veräiner.
14.00 - 14.30 h: Liesung: „De Gromperekinnek“ am Lieshaus
14.15 - 15.00 h:Collectif Dadofonic: Stroossenanimatioun
15.30 - 16.15 h:Papalula-Brass op der Méchelsplaz
16.00 - 16.55 h: „Kleiner König Dezember“ am Kulturhaus
17.15 - 18.00 h:Opmaachen vun der 3. Adventsfënster am Kulturhaus, Jeunes Mamans
14.00 - 18.00 h:Ausstellung vun der Artistin Tilly Hoffelt am Kulturhaus „Alteeër an Helleg Biller“
Sonndes sinn déi Mierscher Geschäfter an den Topaze op.
D'Parkinge Schlasspesch an Topaze stinn zur Verfügung.
Eng Gratis Busnavette funktionéiert vun der Gare - Parking Schlasspesch – Mierscherbierg an zréck bis 18.30 Auer
