Changer d'édition

Lèscht Etape vum Tour de Luxembourg 2021: Départ zu Miersch

Bei schéinstem Wieder huet de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe op der Mëchelsplaz den Départ vun der 5. a lèschter Etape vum SKODA TOUR LËTZEBUERG ginn. Vill Lait haten sëch afonnt. Impressionant waren d'Motorrieder vun eiser Police, déi zentimetergenee vrum Départ laanscht d'Avenue Grande-Duchesse Charlotte alignéiert waren. Bis op d'Arrivée um Lampertsbierg bleiwen nach laang a schwéier Kilometeren, bis de Schlussgewënner feststeet.