Changer d'édition

Ëffentlech Konferenz mam Thema "Schutzmoossnahme géint Abroch"

De „Comité de Prévention Intercommunal“ vun de Gemenge Miersch an Tënten invitéiert d’Awunner vun de Gemenge Miersch an Tënten op eng ëffentlech Konferenz mam Thema

„Schutzmoossnahme géint Abroch“

donneschdes, den 21. Juni 2012 um 19.30 Auer

am Festsall vun der Nic. Welter-Schoul zu Miersch(14, place de l‘Eglise)

„Wéi schützen ech meng Propriétéit“

De Preventiounsservice vun der Police:
– Gëtt praktesch Rotschléi fir sech schützen
(E groussen Deel vun den Abréch bleiwen e Versuch)
– Weist déi sensibel Schwaachstelle bei de Wunnhäiser;
– Beréit, wat ee soll maachen, wann trotzdeem agebrach ginn ass.