Changer d'édition

D'Bech-Berbuerger Musek an der Pandemie - Wat 2020 sou lass war

Matten an de Preparatiounen fir de Fréijarsconcert vun der BBM huet ganz onerwaart e klengt ronnt pickegt, ech nennen et emol „Déierchen“, sech an Europa, an och zu Lëtzebuerg breet gemaach, wat dat ganzt Liewen, mee och eist Veräinsliewen komplett op d’Kopp geheit huet.

Den 29. Februar ass et fir d’éischt an eisem Ländchen opgetaucht a knapps 2 Woche méi spéit, den 14. Mäerz, kruten d’Musikanten d’Noriicht datt 2 Wochen net dierft geprouft ginn. D’Schoulen, d’Geschäfter, d’Restauranten an d‘Bistroen goufen zougemaach, d’Leit hu missten doheem bleiwen, jee dat ganz Land gouf an ee Lockdown gesat fir dem Déierchen Meeschter ze gin, wat sech heemlech a séier a ganz Europa verbreet huet.

2 Wochen doheem bleiwen an dann ass alles erëm gutt, de Gala-Dinner de 27.Mäerz hu mer zwar direkt ofgesot, mee keen huet du schon dru gezweiwelt dat eise Concert am Mee, d‘Duerffest, an de Bechtival kéinten ofgehale ginn.

„Mir halen iech um Lafenden wéi et weider geet,  bleift all gesond“ … woren d’Ufangssprëch,…a kuerz drop goung et weider mat den Ofsoen vun de Prouwen, vum Fréijarsconcert, vum Duerffest, vu sämtleche Summerconcerten, an zu gudder Lescht och vun eisem Bechtival.

D’Schoule sinn zou bliwwen bis de 25.Mee an all gréisser Manifestatioun gouf vun der Regierung ofgesot bis den 31.Juli.

Déi ganz musikalesch Aktivitéiten vun der BBM sinn op Null erofgefuer ginn ….

oder … bal op Null, well do waren awer e puer kleng Aktivitéiten, … natierlech am Respekt vun den Hygiènesmoossnahmen (bestëmmt dee meescht benotzte Sproch am Jar 2020), an zwar:

- Am Mäerz an Abrell hu mer all Donneschdeg owes en Touch gespillt, jidereen viru senger Dir, an e flotte Video dervun zesumme geschnidden fir op d’sozial Netzwierker

- den Europadag, den 9.Mee, wou d’Gemeng Bech 6 Musikante gefrot huet fir virun der Gemeng d’Europahymn ze spillen, nodeems de Buergermeeschter den Europafändel symbolesch opgestallt huet

- Kuerz drop gouf fläisseg e Video gedréit, eng Co-Produktioun vun de Chargéeën vun der UGDA an de Pink Notes, fir de jonke Schüler d’Instrumenter virzestellen. Op d’Melodie vum Cup Song hunn d’Chargéeën jeeweils hiert Instrument presentéiert, an d’Pink Notes hunn zum Schluss d’Stéck all zesummen (natierlech jiddereen a senger Stuff) gespillt. Sou konnten d’Kanner an hire Klassen d’Instrumenter mat dem flotte Video kenne léieren.

- Dat nächst um Programm vun der BBM war Péngschtdënschdeg, d’Sprangprëssessioun, … sou ganz ouni ass et dëst Jar awer net gaang…

D’BBM huet sech nämlech schonn den Dag virdrun getraff an huet déi beléifte Melodie duerch d’Stroossen vu Bech a vu Berbuerg gespillt (natierlech mat 2 Meter Ofstand tëschent de Musikanten) an ee flotte Video dervu gedréit fir de Leit e bësse Freed an hier Haiser ze bréngen.

No der Péngschtvakanz hu mer nees ugefaange mat Prouwen, am Fräien an dëst am Schoulhaff, nëmme bei Guddem Wieder, a mat engem Ofstand vun 2 Meter.

Eist Haaptuleies war et de Musikanten d’Méiglechkeet ze ginn virun der grousser Vakanz nach e puermol zesummen ze kommen fir ze musizéieren. Vill Musikanten hu vun dëse klenge Geleeënheete profitéiert a ware frou hier Instrumenter nees kennen auszepaken. Mir hunn e puer flotter Stécker geprouft mam Ziel fir zum Enn vun der Saison ee klengen Ofschlossconcert vun enger Stonn am Amphitheater zu Bech ze spillen.

Duerno koum:

- D’Fête de la musique: Fir dësen Dag huet d’UGDA sech eppes extra Flottes afale gelooss an e Flashmob lancéiert, deen am ganze Land vun de Chargéeën, de Schüler an de Museken gespillt gin ass. D’Pink Notes hunn hei matgemaach, an d’Stéck “Beyond the clouds” , geschriwwe fir dësen Zweck vum Mathias Börgmann ageprouft an am Schoulhaff gespillt. Heivun gouf e Video fir un d’UGDA gedréit.

- Nationalfeierdag hu mer och nach net dierften zesumme feieren, an sou huet d’Gemeng Bech an d’Gemeng Manternach jeeweils e flotte Video gedréit, wou d‘BBM no den offizielle Rieden, wéi gewinnt, de Feierwon

an d’Heemecht gespillt hunn. Och des kleng Aktivitéit huet vill vun eise Musikanten aus hiren Haiser gelackt, an des zwee flott Filmer sinn op den sozialen Netzwierker publizéiert ginn.

- En zweete Flashmob gouf du fir den 9.Juli vun der UGDA organiséiert.

Hei huet d’BBM och matgemaach an d’Stéck „We are the World“ am Schoulhaff ageprouft, fir e Video dervun un d’UGDA ze schécken.

- Den Ofschlossconcert konnte mer leider wéinst schlechtem Wieder net am Amphitheater spillen, mee mir hunn en an eise Musekssall verluecht, an d’Publikum huet vun do baussen nogelauschtert.

Den 9. September hu mer nees ugefaang am Musekssall ze prouwen, mat fest agezeechente Plazen fir all Musikant, 2 Meter Distanz, Desinfizéierspray, Masken, asw. Dat huet ganz gutt geklappt, well all Musikant sech gutt un d’Reegelen gehal huet. Voller Hoffnung hu mer op de Chrëschtconcert higeprouft, dee mer wollten an 2 Etappen spillen am Sall, mat feste Sëtzplazen, 2 Meter Distanz tëschent den Dëscher mat maximal 10 Leit, a Catering, just um Dësch, … mee leider ass et nees anescht komm wéi mer geduecht hunn, d’Zuele sinn nees erop gaang an d’Prouwen an de Concert huet nees missten ofgesot gin.

Dat ganzt Jar hate mer doduerch gutt Zäit fir un eiser Broschüre „10 Jar BBM“ ze schreiwen, déi mer am September fäerdeg kruten, an den Drock geschéckt an de 17. Oktober virgestallt hunn.

Eng weider flott Aktivitéit hu mer am November nach ofghal, an zwar hu mer d‘Hämmelsmärsch gespillt. A Gruppe vu 4 Musikanten si mer duerch all eis Dierfer gezunn, an hunn d’Leit, déi dacks op hirer Dier op eis gewaart hunn, a Kiermesstëmmung versat an hinnen ee Laachen an hier Gesiichter gezaubert.

Vun do un waarde mer ongedëlleg drop nees dierfen zesummen ze prouwen, a freeën eis schonn op eisen éischte Concert dee mer nees dierfe spillen.