Changer d'édition

Par Mamerdall St. Christophe - 6.000 € fir Médecins du monde

Kierzlech konnt d'Par Mamerdall St. Christophe e Scheck vu 6.000 € un d'Organistioun "Médecins du monde" iwwerreechen. Desen Don setzt sech zesummen aus dem Erléis vun ënnerschiddlechen Aktiounen am Laf vum läschten Arbechtsjoer: Grillfest, Adventsaktioun, Friddenslichtkäerzen, faire Moieskaffi, Faaschtenzopp an Don'en vun de Kommiounskanner. Dobäi kommen dann nach eenzel Don'en vu Leit aus der Par an doriwwer eraus. Jidferengem, deen dozou bäigedroën huet, datt des grouss Zomm zesummenkoum, huet den Här Paschtouer J.-P. Reiners e grousse Merci gesoot. Den Här Ralph Hanck vum "Médecins du monde" sengersäits huet sech dësem Merci ugeschloss an huet a kuerze Wieder déi wertvoll Arbecht vun der Vereenegung virgestallt an erkläert woufir des Suë gebraucht ginn.