Changer d'édition

LJBM-Schüler kréien een Abléck an de Journalismus

Am Kontext vum ‘Concours Jeune Journaliste’ war de François Aulner, Journaliste bei RTL Radio Lëtzebuerg, op Besuch bei der Klass 2CG COMED/URBS am Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM). Den Här Aulner huet de Schüler hir Froen zu den Noriichtemedien zu Lëtzebuerg beäntwert an hinnen een interessanten Abléck a säin Job ginn souwéi iwwer d’Wichtegkeet vun engem kritesche Jounalismus an onser digitaler Welt informéiert. Ausserdeem kruten d’Schüler gewisen, wéi ee seng Recherchen verbessert, Informatiounen zesummefaasst an Interviewen professionnell féiert.