Changer d'édition

Galaconcert vun der Harmonie Gemeng Mamer mat Scheckiwwerreechung

D'Harmonie Gemeng Mamer hat e Samschdeg, den 18. Januar hiren alljärleche Galaconcert am Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer. Den ausverkaafte Concert stoung ënnert dem Titel "Legends and Stories". D'Ouverture vum Concert huet wéi all Joer d'Jugendmusek vun der HGM, ënnert der Leedung vum Kati Pickar, gespillt. Op engem héischen Niveau hunn déi Jonk, mat Stécker wéi Scent of Spring, Sparks of Fire, God save the Queen an enger fantastescher Duerstellung vu Circus Renz, hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. An engem fléissenden Iwwergang huet de groussen Orchester vun der HGM, ënnert der Leedung vum Stefan Weber, d'Leit nach virun der Paus mam Stéck The Ghost Ship vum José Alberto Pina, faszinéiert. No der Paus ass et ofwiesslungsräich weider gaangen, ënnert anerem mat engem Solostéck fir Tuba, gespillt vum Ben Seil, an dem Showstéck "Godzilla eats Las Vegas", wou d'Musikante gewisen hunn, dass si net just hiert Instrument beherrschen. No de Wierder vum neie President vun der HGM, Tom Lentz, war de Concert scho bal eriwwer. Zum Schluss huet d'Harmonie Gemeng Mamer hiert Publikum mat der schmasseger Zugab Mambo aus der West Side Story verabschied. De nächste Rendezvous ass den 9. Mee 2020 um 17h30 an der Kierch op der Cap fir e Concert de Bienfaisance.


Scheckiwwerreechung vun der Harmonie Gemeng Mamer


Am Kader vum Galaconcert 2020 huet d'Harmonie Gemeng Mamer, zesumme mat Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, dovu profitéiert, fir der Ligue HMC e Scheck am Wäert vun 2250 € z'iwwerreechen. Dës Sue koume beim Concert de Bienfaisance vun der HGM, den 12. Mee 2019 zu Mamer an der Kierch, zesummen. Den nächste Rendezvous fir de Concert de Bienfaisance vun der HGM ass den 9. Mee 2020 um 17h30 an der Kierch zu Capellen, zu Gonschte vun der Fondation Autisme Luxembourg.


Mamer, I Like!

Folgen Sie der Gemeinde Mamer auch jetzt auf Facebook sowie auf Instagram.

www.facebook.com/GemengMamer

www.instagram.com/gemeng_mamer