Changer d'édition

"That must be Christmas"

That must be Christmas »

An der Woch viru Chrëschtdag hunn eng Dosend Sänger aus dem Chouer vun der Uni Lëtzebuerg mat hirem Gesank vill Freed a verschidde Fleegeheemer zu Iechternach a Gréiwemaacher bruecht. Si waren och an de Foyere vun der Ligue HMC zu Fréiseng, Duelem, Gréiwemaacher, Diddeleng an am Institut St.Joseph zu Betzder. Duerch hiren ergräifende Gesank vu lëtzebuergeschen, däitschen, franséischen, engleschen an ungaresche Chrëschtlidder sinn iwwerall d'Fënsteren an d'Dieren opgaang an natierlech ass och mat vill Freed matgesonge ginn. D'Sänger, déi aus vill verschiddene Länner kommen, hunn esou vill Liicht a Freed bruecht, datt si selwer, no méintelaangem Prouwen iwwer Zoom oder mat Masken an Distanz, glécklech waren, erëm vill begeeschtert Nolauschterer ze hunn. Weider Informatioune wéi et mam Unichouer am Januar weidergeet, fannt Dir op hirer Homepage : unichoir.lu.