Changer d'édition

Scheckiwwerreechung am LGL

Scheckiwwerreechung am LGL

Enn Oktober hunn de Schülercomité an eng Museksklass aus dem LGL zwee Schecken iwwerreecht, vun Aktiounen déi si d’lescht Schouljoer ënnerholl haten.

Fir d’éischt war de Chrëschtmaart, wou de Schülercomité ganz spontan eng ONG aus dem Kolléisch ënnerstëtzt huet, an där eng fréier Schülerin aus dem LGL, d’Claire Molitor, als Volontaire engagéiert war : d’Cape Winelands Biosphere Reserve a Südafrika. Hatt hat deemols den Opruff gemaach, fir de Bau vun engem Science-Bus z’ënnerstëtzen.

Dëse Bus kéint da vun Township zu Township fueren, fir do d’Schüler fir all Zort vu Wëssenschaft ze sensibiliséieren, ze motivéieren a weiderzebilden.

Dës Iddi hunn am Februar och d’Museksproffen an hir Schüler opgegraff an esou den Erléis vun hiren zwee Let’s get loud-Concerten integral fir de Science-Bus gespent.

D’Claire Molitor an zwee Responsabele vun der ONG aus dem Kolléisch, d’Michèle Wolter an de Jim Biwer, hunn de Schüler e grousse Merci gesot an dem LGL eng Foto aus Südafrika geschenkt.

Ausserdeem kruten zwou Klasse vum Claire de Projet vum Science-Bus erkläert souwéi säin Openthalt a seng Aarbecht als Volontaire a Südafrika.