Changer d'édition

Net nëmmen e Concert !

Professionell, multikulturell, rhythmesch, zesummen, liewensno, …

31 jonk Leit stounge gëschter Owend mat grousser Begeeschterung mat der internationaler Museksgrupp Gen Verde am Conservatoire de Luxembourg op der Bühn. Fir d’éischte Kéier hunn di professionnel Künstlerinnen si hiren neien Album „From the Inside Outside“ presentéiert.

Déi Jonk déi wärend 3 Deeg un de Workshoppen (Perkussioun, Sangen, Danz a Theater) deelgeholl hunn, hu gesot datt si eng wichteg Erfarung vu géigesäitegem Vertraue gemaach hunn. „Mir verstinn eis obwuel mir ënnerschiddlech Sprooche schwätzen“. „Ech si frou am Grupp Theater matzemaachen, well dat wat mir hei representéiere schwätzt vum dem Negativen a vun deem Positiven dat all Mënsch a sech huet. Elo wëll ech probéiere méi op dat Liicht a mir ze lauschteren“. Dëst waren nëmmen e puer vu ville Komentare vun deene Jonken.

Et war villes méi wéi nëmmen e Concert wat mir erlieft hunn: d‘Lidder, d‘Spektaklen, alles huet op reelle Liewenserfarunge baséiert.

Dës Initiative gouf lancéiert fir de 60. Anniversaire vun der Presenz vun der Fokolarbewegung (www.focolare.lu) hei zu Lëtzebuerg ze feieren. „Besser hätte mir eisen Anniversaire net kënne feieren“, dat war d’Ausso nom Concert.

(Fotoen: Max Dostert)

Plus de nouvelles de Josiane Hoffmann >