Changer d'édition

D’Seche vum Zinniklos an aner lëtzebuergesch Seeërcher

Lëtzebuerg. T’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck, Aus dem Liewe vum Zënt Märten an d’Seche vum Zinniklos sinn dréi Seeërcher vum Georges Schmitt (1907-1986) aus der lëtzebuergescher Literatur. De Comité Alstad – eng Zukunft fir ons Vergangenheet - publizéiert déi 3 Legenden elo an engem Sammelband. Dëst ass en interessante Kaddo fir déi kommend Feierdeeg fir all Frënn vun eiser Sprooch an och fir aalt Kulturgutt aus dem Legendenschatz vum Land erëm de Kanner vun haut méi no ze bréngen.

Interessant ass, datt déi 3 Geschichtercher souwuel an der aler Schreifweis aus der Zäit vum Georges Schmitt an an enger Géintiwwerstellung mat der haiteger Schreifweis vun der lëtzebuergescher Sprooch kenne verglach ginn. De Georges Schmitt war Konschthistoriker an Conservateur am nationale Geschichtsmusée an Matbegrënner vum Comité Alstad. D’Iwwerschreiwung an déi haiteg lëtzebuerger Schreifweis louch an den Hänn vum Robert Baddé, fir de Layout war de Sergio Di Paoli zoustänneg.

D’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck an d’Seche vum Zinniklos goufen 1944 verëffentlecht, aus dem Liewe vum Zënt Märten e Joer méi spéit. Déi deemoleg Zeechnungen stamen aus der Fieder vum Emile Probst.

Bei der Virstellung vum Sammelband huet de Präsident vum Comité Alstad, de Guy Jourdain, allen Mataarbechter Merci fir hiert Beméien gesot. Den Mäertesdag ass elo just eriwwer, Kleeserchersdag steet virun der Dir, sou de Riedner weider. D’Urtexter aus der Fieder vum Georges Schmitt goufen vum Generalsekretär vum Comité Alstad, dem Claude Esch zur Verfügung gestallt.

De Sammelband kann duerch d’Iwwerweisung vun 23 Euro pro Band op de Kont bei der Spuerkeess BCEE LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk: Sammelband G. Schmitt bestallt ginn. Äre Sammelband gëtt Iech mat der Post zougestallt. De Sammelband huet d’Format 165 x 205 Millimeter an huet 85 Säiten. Pierre Mousel via mywort