Changer d'édition

95 Käerze fir en engagéierten Zäitzeien

Lëtzebuerg. An der Gare vun Hollerech, hirem offizielle Sëtz, hat d'Zwangsrekrutéiertefederatioun eng kleng Gebuertsdagsfeier fir eng besonnesch Fra organiséiert. D'Marie genannt Maisy Bonichaux vu Péiteng gouf de 17. Abrëll 1924 zu Nidderkuer als eenzeg Duechter an enger Biergaarbechterfamill gebuer. Fënnef Joer méi spéit ass d'Famill op Rodange geplënnert, wou se laang Joere gelieft huet. No hirem Schoulofschloss bei de Schoulschwësteren zu Rodange ass d'Maisy Ginter 1941 an d'Recette vun der Stad Lëtzebuerg schaffe gaangen. 1947 huet déi jonk Fra sech mam Camille Ginter vu Péiteng bestued, dee vu Beruff Mecanicien war a bei der Eisebunn geschafft huet. Aus dësem Bestietnes sinn zwee Meedercher ervirgaangen. Déi eelsten Duechter ass 2004 gestuerwen an déi aner Duechter lieft an der Belsch, wou sie zu Aye bei Marche-en-Famenne mat hirem Mann e Veterinärslaboratoire leed. De Familljepapp Camille Ginter ass leider fréi 1988 verstuerwen. D'Maisy Ginter gehéiert zu deenen 3.614 Fraen, déi am Zweete Weltkrich duerch en Dekret vum Gauleiter Gustav Simon vum 23. Mee 1941 an de Reichsarbeitsdienst agezu goufen. No der Musterung am Joer 1942 ass geschwënn de Stellungsbefehl fir an d'RAD-Lager zu Triebes an Thüringen komm,wou aacht Lëtzebuergerinnen zesumme waren. Déi meescht vun hinnen hu missen a Bauerebetrieber schaffe goen. En éischten „Heimaturlaub“ gouf et fir sie am Januar 1944 a nom zweeten Urlaub am Mee 1944 hu sechs Lëtzebuergerinnen am Kader vum Kriegshilfsdienst zu Hermsdorf-Bad Klosterlausnitz (Thüringen) an enger fréierer Parzeläinfabrik forcéiert geschafft, déi sech op d'Produktioun vun Isolatore fir U-Booter a Fligeren ëmgestallt hat. No enger zimmlech abenteuerlecher Heemrees ass d'Maisy Ginter den 23. Mee 1945 zréck bei hir Famill op Lëtzebuerg komm. Sie ass no Krichsenn an den Service Bourse vun der eelster Lëtzebuerger Bank schaffe gaangen, gouf awer 1951 do zesumme mat anere Fraen entlooss, well sie alleguerte bestued gi waren. Dem Maisy Ginter hiert Engagement nom Krich an de Reie vun den Zwangsrekrutéierten war op ville Pläng bemierkenswäert, sou als Responsabel vun der Kartei vun der Zäitschrëft „Les Sacrifiés“, als Member vum Zentralcomité an haut Vizepräsidentin vun der „Fédération des Enrôlés de Force Victimes du nazisme“, als Sekretärin vun der „Association des survivants“ vun den Enrôlés an als Member vum fréiere „Comité directeur pour le souvenir de l'enrôlement forcé“ an heitege „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“. Als Vizepräsident vun der Zwangsreutéiertefederatioun, a gläichzäiteg als Präsident vum virgenannten nationalen Erënnerungscomité huet de Josy Lorent der nach ëmmer ganz aktiver Jubilarin häerzlech fir de 95. Gebuertsdag gratuléiert an hier nach vill frou, gesond an zefridde Joeren derbäi gewënscht. Gratulatioune fir den aussergewéinlechen Zäitzeien gouf et och vum 1. Regierungsconseiller Jean-Claude Muller, dee Chef vom „Service de la mémoire“ am Staatsministère ass.