Den 30. Mee 2018 hunn 32 Schüler an 3 Professeren aus dem LGL hiren
Éischt-Hëllef-Diplom vun der Madame Catherine Gapenne, Direktesch vun
de Services de Secours vun der Croix-Rouge, iwwerreecht kritt.
Si all hu während 28 Stonnen vun der Madame Pascale Hoffmann all dat
Wichtegst iwwert d’Éischt-Hëllef geléiert kritt.
D’Direktioun vum LGL, den Här Frank Eyschen an d’Madame Stéphanie Altwies,
hunn de Schüler a Professere gratuléiert, datt si de Choix gemaach hunn, dëse
wichtege Cours ze besichen a prett ze sinn, fir Éischt-Hëllef ze leeschten, wann se
gebraucht gëtt.
Den Éischt-Hëllef-Cours war dëst Schouljoer anescht ewéi soss, well 7 Schüler
vun der CLIJA+ KLass matgemaach hunn, wat hinnen an engems erlaabt huet,
sech immens séier an hirer neier Schoul z’integréieren.
Ausserdeem ass dëse Cours e wichtegen Deel vun der Éischt-Hëllef-Equipe, déi
säit 2 Joer am LGL besteet an déi eng bedeitend Roll iwwerhëlt, fir engersäits de
Schüler an Nout ze hëllefen an anerersäits de Schüler eng gewëssen Zort vu
Responsabilitéit an Engagement ze léieren.
Zum Schluss vun dëser klenger Feier war et der Madame Bohnenberger,
Responsabel vun den Éischt-Hëllef-Coursen, immens wichteg, fir der
Madame Pascale Hoffmann e ganz grousse Merci ze soen, déi scho säit 6 Joer
2 bis 3 Mol d’Woch vill Schüler a Professeren aus dem LGL fir d’Éischt-Hëllef
begeeschtert huet.
