Changer d'édition

Journée européenne du Patrimoine beim Comité Alstad

25
sept.
2021
25 sept.

Lëtzebuerg. Am Kader vun den Journées européennes du Patrimoine 2021 luet de Comité Alstad E Samschdeg de 25. September 2021 tëscht 10 Auer an 17 Auer zu verschiddene Manifestatiounen an.

So invitéiert den André Haagen um 10. Auer zu enger gratis Féierung duerch Méchelskierch um Fëschmaart a Lëtzebuerger Sprooch. Eng zweet Féierung duerch d’Kierch bitt de Conferencier Mëttes um 14,30 Auer op franséisch un. Um 11. Auer schwätzt de Georges Jungblut, Auremecher a Restaurateur vun der Kierchturmsauer vun der Méchelskierch um Fëschmaart iwwert des Auer. Datt alt an erëm funktionéierend Auerwierk ass hannen an der Kierch ze bewonneren. De ganzen Dag ginn an der Kierch d’Filmer „Anno Domini 987 Méchelskierch um Fëschtmmaart“ an vun der Restauratioun vum Auerwierk gewisen.

Vun 14,30 bis 17,00 Auer kënnen Grouss a Kleng, Jonk an Al an Kader vun engem Mol-Concours Panorama-Vuen vun der „Festung Lëtzebuerg 1753“ an vum Mansfeldschlass aus dem Molbuch vum Comité Alstad koloréieren. Derbäi gëtt et flott Präisser fir déi dréi Éischt, an och schéin Trouschtpräisser ze gewannen. Dëse Concours ass am Siège vum Comité Alstad op Nr. 14, rue Sigefroi am fréiere Paschtoueschhaus vun St. Méchel. Wéinst dem Covid ass eng Umdeldung fir Visiten vun der Méchelskierch an de Mol-Concours beim Comité Alstad obligatorisch (E-mail:comite.alstad@pt.lu).

Pierre Mousel via mywort