Changer d'édition

GENERALVERSAMMLUNG VUN DER CHORALE CAECILIA SCHIEREN

29
janv.
2022
29 janv.

Schieren: D'Chorale Caecilia vu Schieren huet viru kuerzem hir 88. Generalversammlung ofgehalen.

A senger Usproch huet de President bedauert, dass den Effektiv vun den aktive Sänger leider nees méi kleng ginn ass.

E Merci huet hien de Sänger, den Organisten, dem Dirigent esou wéi och dem Kommitee ausgedréckt fir déi gutt Zesummenaarbecht.

Aus dem Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin goung ervir dass de Chouer sech 71x getraff huet 30 Prouwen, 41 Massen goufen gesanglech gestallt, dovun 10 Begriefnessmassen, 1 Hochzäitsmass, 1 Jubiläumsmass an d'Oktavmass an der Kathedral.

Dëst Joer plangt d'Chorale eng Meefeier, dëst den 15.05. mat Mëttegiessen.

Besonnesch geéiert gouf den Éierepresident Jos Zeimes, deen vum Buergermeeschter Eric Thill * d'Médaille en vermail Grand-Duc Adolphe avec palmette * iwwerreecht krut.

A senger Ried huet de Buergermeeschter der Chorale e grousse Merci ausgedréckt fir hiren Asaz, an huet verséchert, dass d' Gemeng fir seng Chorale ëmmer eent oppent Ouer huet, an dass de Veräin och op d'Ënnerstëtzung vum Service Technique vun der Gemeng kann zielen.

Den Dirigent Jean Gehlen huet sech och bei senge Sängerinnen a Sänger, esou wéi bei den Organisten bedankt an huet en Appell gemaach, dass si sollen duerhalen, och wann am Moment Zäiten net esou einfach sinn. Och sollen esou séier wéi méiglech nei Sängerinnen a Sänger perséinlech kontaktéiert ginn fir esou den Effektiv nees opzestocken.

Wëll am Moment duerch d'Pandemie keng Planungssécherheet besteet, ass dofir kee Concert fir 2022 geplangt. 

Vläicht ass et awer méiglech am nächste Joer, eventuell Februar/Mäerz e Concert mam Thema Film a Musical ze presentéieren, dëst zesummen mat der Chorale Concordia vun Ierpeldeng.

Den Här Paschtouer Romain Richer, deen leider der Generalversammlung net konnt bäiwunnen, huet duerch den Här Dechen Martin Molitor folgend Wieder un d'Chorale geriicht: Merci der Chorale fir hiert Engagement. Et ass eng wichteg Aufgab fir d'Gottesdéngschter gesanglech a musikalesch ze begleeden an ze verschéineren. An dëser schwiereger Zäit heescht et op all Méiglechkeet zeréckzegräifen, fir den Alldag vun de Mënschen ze verschéineren, an do spillen d'Musek a Gesank eng grouss Roll. Merci och fir déi flott an interessant Programmer, déi an de Gottesdéngschter virgedroe ginn. D'Uergelstécker ewéi och d'Lidder sinn ëmmer tipptopp mat der Liturgie an och der jeeweileger Situatioun verbonnen.

Den Här Molitor huet sech de Wieder vum Här Richer ugeschloss an och vun him gouf e grousse Merci un Chorale, den Dirigent an un d'Organisten adresséiert.

De Kommitee besteet aus folgende Memberen:

Éierepresident Jos Zeimes, President Jean-Paul Meisch, Sekretärin Monique Ley, Caissière Maggy Meisch, Memberen: Marga Blasius-Archivarin, Eliane Giulioni, Jules Wagener.

3 nei Memberen hu sech an de Kommitee gemellt, et sin dat: Christiane Glod, Christiane Kremer a Liliane Seyler.

D'Keeserevisoren sinn Pierre Gillen a Camille Schartz.

D'Prouwen vun der Chorale sinn Donneschdes vun 19h00 bis 20h30