Changer d'édition

D’Zukunft vun de BAD Beruffer – (Re-)Orientatiounen

21
juin
2019
21 juin

Am Kader vum Archivmount Juni, invitéiert Iech de Studentencercel Jonk BAD, a Collaboratioun mam Centre national de littérature (CNL), e Freiden, den 21. Juni, op eng Table Ronde zum Thema “D’Zukunft vun de BAD Beruffer – (Re-)Orientatiounen“. Zesumme mat Schüler, Studenten a Beruffsufänger schwätze mir iwwer d'BAD-Beruffer. Wéi ass de Beruffswonsch entstanen a wat sinn d’Erwaardungen? Dobäi gëtt iwwer Studien, Stagen, Studentenjobs an Erfarunge geschwat.


D’Participante sinn:

Saskia Bernardy, Datebankenentwécklerin bei INSIGMA IT,

Antoine Jeusette, Bibliothekär-Dokumentalist am CNA,

Edurne Laia Kugeler, Studentin,

Lynn Marx, Schülerin,

Anouk Stephano, Präsidentin vun der Jonk BAD,

Daphné Boehles, Bibliothekärin aus dem CNL & Moderatrice vum Owend.


D’Veranstaltung ass am LUCA – Luxembourg Center for Architecture (Luxembourg) a fänkt um 18:30 un. Dono invitéiere mir op e Patt!


Eng Umeldung via Mail (info@jonkbad.lu) oder via Telefon (326955-1) ass obligatoresch!


Fir all zousätzlech Informatioun, zéckt net eis ze kontaktéieren!