Changer d'édition

Ausfluchsreess fir Massendénger an den Europapark

12
sept.
12 sept. - 13 sept.

Léif Massendénger;

Heimat sidd dir invitéiert, fir de Weekend vum 12./13. September 2020 mat de Lëtzebuerger Massendénger op Rust an den Europapark ze fueren!

Dëse vu ville Lëtzebuerger gutt bekannte Park feiert d‘nächst Joer seng 45 Joer – an zu dëser Geleeënheet solle Massendénger aus den Nopeschdiözesen an doriwwer eraus fir dee Weekend am Europapark zesumme feieren. Op deem Weekend ass och e reliéise “europäesche” Moment am Europapark virgesinn – 45 Massendénger a Responsabel aus der ganzer Äerzdiözes dierfen als Vertrieder dobäi sinn. Fir de Rescht vum Weekend: Freed a Spaass am Europapark!!

Départ: Samschdes, den 12.09. ëm 6.30 Auer um P&R Boullion an der Stad

Retour : Sonndes, den 13.09. ëm 22.00 Auer um P&R Boullion

Präis: 200 € (abegraff: Busreess mat den Taxen, Assurancen, Parking, Entrée, Iwwernuechtung, Owesiessen a Moieskaffi am Hotel). Täschegeld brauchs du fir d’Mëttegiessen (Samschdes a Sonndes) am Park.

Mir si logéiert am Hotel - Restaurant Werneths Landgasthof zu Rheinhausen, knapp 2 km vum Europapark ewech. Hei hu mir Kummere mat 2, 3, 4 Better.

Massendénger, déi virum 15.09.2008 gebuer sinn, kennen un dësem flotten Tour deelhuelen. Zéckt also net a schéckt sou séier wéi méiglech är Umeldung an enger Enveloppe (bis allerspéitstens de 15. Mäerz 2020) an d’Zentral. Iwwerweist och am Beschten direkt mat der Umeldung w.e.gl. déi 200€ op de Konto vun “Archevêché de Luxembourg – Lëtzebuerger Massendénger” LU41 0028 4101 1668 9900 (BILLLULL) mat der Mentioun „Europapark 2020 + Familljennumm a Virnumm vum Participant“.


Mat léiwe Gréiss

Équipe Lëtzebuerger Massendénger


Weider Informatiounen stinn am PDF-Dokument op eiser Homepage


https://web.cathol.lu/article8573