Changer d'édition

Chrëschtconcert zu Gonschte vu Partage.lu!

Um 2. Adventssonndeg hat d’Chorale Ste Cécile vu Lëntgen an Zesummenaarbecht mat der Chorale vun Hueschtert op e Chrëschtconcert an d’Porkierch invitéiert. Vill intresséiert Frënn vu Musek a Gesank hate sech afonnt a kruten en ofwiesslungsräiche Programm gebueden. De Lëntgener Chouer stong ënnert der Leedung vum Luss Steffen a gouf begleet um Piano vum Paul Hilbert an op der Uergel vum Marc Loewen. Den Hueschterter Gesank gouf dirigéiert vum Jean Schumacher a begleet vum Stefan a vum Ruben Dorneanu um Piano respektiv op der Gei. Dertëscht huet de Bléiserensembel Lor-Lux Brass Connection säi Kënnen ënner Bewäis gestallt. Zum Schluss stongen iwwer 50 Sängerinnen a Sänger am Chouer fir mat alle Musikanten zesummen „Unto us is born a Son“ unzestëmmen. No dëser impressionanter Final gouf et e laangen wuelverdéngten Applaus, an op der uschléissender Receptioun, op déi d’Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun invitéiert hat, konnt de President Raym Hoffmann dem Patrick Godar vu partage.lu e Scheck vu 1750 Euro iwwerreechen.

Text: Raym Hoffmann

Foto: Paul Provost

Plus de nouvelles de Raymond Hoffmann >