Changer d'édition

Covid-19 Gedicht


Reeff Clara 5CLO2 LGL



Covid19


Am Dezember zu Wuhan huet alles ugefaang,

hei zu Lëtzebuerg wor et dunn nach kengem baang !

Mir duechten all de Virus bleift do,

a géif bei eis net ginn eng gréisser Plo !


Op eemol gesinn ech Biller um Fernsee vu Bergamo,

dat ass mir du geschloen op de Mo.

Spidoler voll!

Wat e Groll!

Beotmungsapparater-Läichen.

Ech hu misse kräischen.

Doktere woren iwwerfuerdert,

iwwerall Doudelueden.

Och ech wor iwwerfuerdert - mat all deene Biller,

et huet ausgeléist a mir traureg Gefiller


Dunn den éischte Fall bei eis hei,

du wor op eemol alles aus der Rei.

Bleift doheem, huet et du geheescht,

dat hunn dunn och gemeet di meescht.

KENG Schoul : -8 Wochen

KENG Frënn : -8 Wochen

KEEN Ballet : - 8 Wochen

KENG Grousselteren : - 8 Wochen

D`Kurv huet misse flaach bleiwen,

hu versicht schlëmm Gedanken ze verdreiwen.

Ech wëll net daaten meng Grousselteren stierwen,

ech well datt si liewen.


E Liewen am Stëllstand,

dat hunn ech esou nach net kannt.

Krich, Honger a Misär ass et ëmmer schonns ginn,

mee dat hunn ech selwer nach net gesinn.

Versichen dat Bescht draus ze maachen,

fänken awer elo net duefir u mat raachen.


Meng Elteren, mäi Brudder an ech woren di 8 Wochen doheem,

dat wor am Ufank och nach kee Probleem.

Mir hunn an där Zäit och vill gelaacht,

et huet nëmme selte gekraacht.

All Woch hunn ech mech op indescht Iesse gefreet,

ech si bestëmmt ginn e puer Zentimeter méi breet.

Den Inder hat eréischt virun e puer Méint opgemeet,

dat huet eis gedoen esou leed.


Den Homeschooling zimmlech lästeg ass,

kee Schülergepëspers, esou roueg wéi an der Mass.

Mäi Webuntis huet net ëmmer alles gewisen un,

hat Angscht net all Aufgab ze hunn!

Dat huet mech gestresst enorm,

huet mech bruecht aus menger Form.

De perséinleche Kontakt zum Proff huet mir gefeelt,

dat wor fir mech e gréissert Leed.


No Wochen-endlech -den Deconfinement,

Ech muss fréi opstoen, soss hätt ech en nach verpennt !

Ech dierf endlech an d`Schoul goen,

dierf mech endlech erëm fir Prüfungen ploen.

Di meescht vu menge Frëndinnen sinn am anere Grupp agedroen,

ech versichen net ze sinn ze vill verbrueden.


A mengem Grupp sinn mir zu 17 Kanner,

am anere Grupp sinn et bedeitend manner!

Sinn esou frou ze gesi meng Proffen,

Manner Leit hunn de Virus, dat léisst hoffen.

Elo heescht et: Loosst eis ausernee bleiwen,

an esou de Virus verdreiwen !

Dat klappt och relativ gutt,

an dat mécht mir Mutt!

Et ass zwar nach net alles wéi ëmmer,

ma et kéint si schlëmmer.


An Normalitéit zréck,

maachen op Zukunft e Bléck:

Vakanz maachen - onbeschwéiert,

Grenzen op - wéi et sech gehéiert.

An d`Schoul goen, ouni Mask – onbeschwéiert,

Grousselteren hëllefen – wéi et sech gehéiert.

Ballet maachen – onbeschwéiert,

Frënn treffen – wéi et sech gehéiert.

Mënschen déi schaffe ginn – onbeschwéiert,

Geschäfter a Restauranten op – wéi et sech gehéiert.

Keng Angscht méi hunn – onbeschwéiert,

frou sinn, laachen – wéi et sech gehéiert.