Changer d'édition

Grousse Succès fir de Praffcours vun Uebstbeem zu Kielen

Den 20. Februar hat d'Ligue CTF an de Brennereimüsee op Kielen op een Uebstbam-Praffcours invitéiert.

De Cours war séier ausgebucht an di Bedeelegt hu mat vill Engagement den Erklärungen vum Remy Bintener nogelauschtert.

Eent vun den Ziler ass, duerch Praffen, al Uebstzorten z'erhalen.

Bleift ze hoffen, datt Jidderengem séng gepraffte Beemercher gutt ukommen, an, an e puer Joer di éischt Friichten droën.

De 13. Mäerz ass dann ee weidere Cours, wou gewise gëtt, wéi d'Uebstbeem ënner anerem richteg geschnidden a gepfleegt ginn.

Weider Infoën an Umeldung: Tel. 621 768 452 (Joël Adam)