Changer d'édition

Hëllef fir Südafrika amplaz Wantersport

Jonglënster.- An de vergaangene Jarzengten sinn d ‘Schoulkanner aus dem 5. Schouljar all Jar op Fiesch an de Wantersport gefuer. Dësen Openthalt an der Schwäiz ass deelweis finanzéiert gi vum Erléis vum Schoulfest. Mee et ass näischt wat éiweg hält a lues a lues huet ee gespuert, datt d’Begeeschterung fir Schi ze fuere beim Léierpersonal an och bei de Kanner nogelooss huet. An op eemol ass sech beim Léierpersonal d’Fro gestallt ginn : «Solle mer net, amplaz Schiurlaub ze maachen, den Erléis vum Schoulfest spende fir e gudden Zweck ? » Déi Iddi huet sech duerchgesat, an d’Schoulklassen alleguerten aus de Schoulgebaier vu Lënster hunn decidéiert, fir d’ONG Bonnievale-Projects z’ënnerstëtzen, déi sech zum Zil gesat huet, Slum-Kanner a Südafrika z’ënnerstëtzen. Zënter 2003 schafft d’Vereenegung Bonneviale-Projects a Südafrika, zesumme mat hirem südafrikanësche Partner, Bonnie People Projects. D’Zil ass, de Kampf géint den Honger mat zousätzlech dacks schlechter Gesondheet, an d’Verbesserung vun de Liewenskonditioune vu de Kanner a Jonken, déi am Slum vu Bonnievale, dem « Plakkerskamp », ënner erbäermleche Konditioune wunnen. Fir dëst z’erreechen, bitt d’Organisatioun eng ugepasste schoulësch Bildung an equilibréiert Iessen un. Duerch Educatioun, Sécherheet, Hygiène an Encadrement duerch d’Léierpersonal sinn déi Jonk aus dem Plakkerskamp a gudden Hänn, wou si léiere sech z’entwéckele fir kënnen hiert Liewen ze verbesseren. Elo viru Chrëschtdag waren d’Sekretärin Agnes Schartz an d’Volontairin Ana Serrenho – déi e Jar laang a Südafrika am Bénévolat geschafft huet – op Lënster komm, fir e Scheck vu 5.000 Euro, den Erléis vum Schoulfest, an Empfank ze huelen. D’Françoise Weckering huet am Numm vun de Kanner am Personal dee Lënster Projet erkläert , éier d’Agnes an d’Ana op déi wäertvoll Aarbecht vun hirer ONG a Südafrika agaange sinn an de Schoulkanner e grousse Merci gesot fir dee schéine Geste.