Changer d'édition

Bëschfest 2019

05
oct.
2019
05 oct.

Déi 32. Editioun vum Bëschfest fënnt och dëst Joer vum 5. bis 6. Oktober 2019 um Burfelt statt. An Zesummenaarbecht mat der ANF proposéieren d’Bûcherons du Nord een Programme zum Thema: « Bëscher verbannen, Bëscher schafen Brécken».


Freides, den 4.Oktober ass exklusiv fir d'Schoulklassen reservéiert. Wärend deem ganzen Dag, léieren d’Kanner déi verschidden Funktiounen vum Bësch kennen.

Samschdes an Sonndes stinn dann weider natur-pedagogesch Atelieren fir Kanner, Sensibiliséierungsatelieren fir grouss an kleng esou wéi och speziell fir d'Bëschbesëtzer zum Thema multifunktionellen Bësch um Programm. Nieft dem traditionellen an spektakulären Concours vun den Luxloggers mat den 5 Disziplinnen (Zielfällung, Kettenwiessel, Prezi, Combi an Entasten) esou wéi den sëllechen Demonstratiounen am Bësch fënnt dëst Joer Sondes um 15.00 Auer eng Séance academique, mat nationalen an internationalen Vertrieder aus den Beräicher Forstwirtschaft, Naturschutz an Juegd, statt.


Och dëst Joer kennen Erwuessener ewéi och Kanner, nom Deelhuelen un bestëmmten Atelier um Site, den „Bëschdiplom“ kréien. Ween den Weekend méi sportlech well ugoen, kann un der IVV Wanderung vun 5km oder 10km ronderem den Burfelt deelhuelen. Start an Arrivée ass jeweils um Burfelt an d’Participatioun kann een sech och fir den Bëschdiplom urechnen loossen.


Wärend dem Weekend soll jiddereen d'Méiglechkeet hunn fir mat deenen verschiddenen Acteuren am Bësch kennen Kontakt opzehuelen an esou gëtt och dem Public gewisen op wéi vill verschidden Aart an Weisen den Bësch zu Lëtzebuerg genotzt gëtt.


Mat der richteger Stäerkung tëschenduersch ginn d’Visiteuren an der Bëschstiffchen verwinnt an wien Samschdes Owes nach Zäit huet, kann vun der eemoleger Geleeënheet profitéieren an um Bal «Forest Sounds» an der Band Fade to Gray een Patt huelen an bis an d’Nuecht danzen.