Changer d'édition

Bëschfest 2017

07
oct.
2017
07 oct. 08 oct.

An Zesummenaarbecht mat der ANF, organiséieren mir déi 30. Editioun vum Bëschfest den 7. an 8. Oktober 2017 um Burfelt.

D'Bëschfest soll erëm zeréck an den Bësch an soumat hunn mir mam Site vum Centre de découverte de la forêt "Burfelt" matzen am Naturpark Uewersauer deen idealen Partner fonnt.

Am Kader vum "Weekend du bois" proposéieren mir een Programme zum Thema: Bësch - All inklusive


- Freides, den 6. Oktober ass exklusiv fir d'Schoulklassen reservéiert.


- Samschdes an Sonndes ginn et dann weider natur-pedagogesch Atelieren fir Kanner, Sensibiliséierungsatelieren fir grouss an kleng esou wéi och speziell fir d'Bëschbesëtzer zum Thema multifunktionellen Bësch. Nieft den sëllechen Demonstratiounen zum Thema nohalteg an naturno Bëschbewirtschaftung wäert den internationalen Concours vun den Luxloggers mat den 5 Disziplinnen (Zielfällung, Kettenwiessel, Prezi, Combi an Entasten) während deenen 2 Deeg stattfannen.


Weider Informatiounen fann dir op eisem Internetsite : www.beschfest.lu