Changer d'édition

Benevolen vum Club Haus op der Heed spenden un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Iwwert d‘Wanterméint huet Heekelgrupp am Club Haus op der Heed zu Hëpperdang fläisseg fir de gudden Zweck geschafft. Dëst Joer gouf den Erléis vun hiren Konschtwierker un Fondatioun kriibskrank Kanner gespent.

Mat vill Léift zum Detail an am Benevolat heekelen an strécken Dammen säit Joren originell Déierefiguren, déi dann un Frënn an Bekannter awer och op Mäert, am Club an engem Coiffeurssalon an der Regioun verkaaft ginn. Dëst Joer koumen 3000 Euro Spend beieneen.

No engem flotten Austausch an Erklärungen vun der Madame Denise Weimerskirch vun der Fondatioun, gouf de Scheck an Presenz vun den Benevollen an hiren Leederinnen Jeanny Hentz an Christiane Meyer, den Verantwortlechen vun der Fondatioun an der Chargée de direction vum Club Haus op der Heed Tania Draut iwwerreecht.