Changer d'édition

Auslousen Supertombola Lëtzebuergerowend Lidderuucht

Nom grousse Succès vum Lëtzebuergerowend vun der Lidderuucht zu Hollerech, war elo d‘Zéiung vun der gratis Supertombola, déi vun engem huissier virgeholl gouf. Als Haaptgewënn, en Skoda Citigo, gouf de Billjee mat der Nummer 1504 gezunn. Viru kuerzem konnt der glécklecher Gewënnerin, Myriam Burger, den Schlëssel fir den Skoda Citigo aus den Hänn vum Här Tom Tewes, an der Garage Tewes zu Leideleng iwwerreecht ginn. Present waren och de Marcel Blum, President, an d‘Geneviève Hornick-Hoffmann, Sekretärin, vun der Lidderuucht Lëtzebuerg. All Gewënner sinn um Site vun der Lidderuucht publizéiert. Trouschtpräisser si perséinlech iwwereecht ginn.
lidderuucht.lu