Changer d'édition

Fraen a Mammen Habscht Generalversammlung mat Scheckiwerreechung

Op der Generalversammlung vun de Fraen a Mammen huet d'Presidentin Nicole Disson all d'Gäscht häerzlech begréisst. Si an d'Memberen hun mat Freed e Scheck vun 2'000 € un Presidentin Madam Thommes vun der Fondation Cancer iwerreecht. Dëst ass den Erléis vum tradtionnelle Bazar. Duerno sin den Aktivitéitsbericht virgedroen gin, souwei den Keessebericht vum Marie-Paule Schmit . Nom Ausbléck op d'Aktivitéiten vun 2020, ass an gemittlecher Stëmmung bei Kaffi a Kuch den Nomëtteg ausgeklongen.