Changer d'édition

Commemoratiounsdag 2019 an der Gemeng Habscht

Och am Joer 2019 huet d’Gemeng Habscht, ewéi gewinnt, zesumme mat hiren Awunner de Commemoratiounsdag begaangen, fir un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek an d’Affer vum Krich an der Okkupatiounszäit 1940/45 ze denken.

Un dësem speziellen Dag hunn d’Bierger an de Schäfferot sech zu Rued, Gräisch, Simmer, Habscht an Äischen getraff un d‘Affer vun der Naziokkupatioun a vum zweete Weltkrich ze erënneren, wéi ëmmer ënnerstetzt vun de Pompjeeën an de lokale Veräiner. Den Ofschloss war zu Äischen wou all d’Bierger a Veräiner souwéi d‘Gemengenresponsabel sech zu engem gemeinsame Cortège forméiert hunn deen sech a Richtung Kirch op de Wee gemaach huet. No der Mass gouf dunn déi läscht Gerbe zu Äischen néiergeluecht.