Changer d'édition

MASS OP " CHRISTI HIMMELFAHRT " AN DER KAPELL AM FAUTELFIELS



Wéi zënter enger Rei Joren gouf och dëst Joer op Christi Himmelfaart vum Här Dechen Felix Steichen eng Mass an der Kapell vun der Fautelfiels gehall. Trotz deem net ganz schéine Wieder haten vill Leit de Wee an Fautelfiels fonnt. Gesanglech gouf d´Mass verschéinert duerch d´Chorale Ste Cécile Luerenzweiler ënnert der Leedung vum Här Theo Wanderscheidt mat instrumentaler Begleedung vun Triny Gorza , Armand Bleser an Guy Kraus. Zum Schluss vun der Mass ass d´Lidd "Hielem" , wou den Text vum Jos. Keup ass an extra vum Armand Bleser fir Chorale Ste Cécile Lorentzweiler vertount gouf , uropgefouert ginn .


No der Mass hunn déi Fräiwëlleg Pompjeeën Luerenzweiler um Fouss vun der Fautelfiels fir Iessen a Gedrénks gesuergt . Och hunn si d´Navette vun der Luerenzweiler Gare esou wéi vum Parking Blasschenterstrooss op d´Fautelfiels gemaach.



Fotoen : NICO TURMES

copyright