Changer d'édition

D‘Becheler Sänger am « Maredoc » zu Heeschdref !

Fir d’Joer unzefänken hat d’Directioun vum Cipa Maredoc vun Heeschdref op eng flott Feier agelueden. Nodeem d’Personal a verschiddene Sproochen all Guddes fir d’neit Joer gewënscht hat, hunn d’Sängerinnen an d’Sänger „Mir wënschen ee schéint neit Joer“ ugestëmmt. Um Piano gouwen si begleed vum Marc Schmitt, deen de Michel Winter ersat huet, dee leider iwwer d’Feierdeeg an der Klinik loug an deem mir eng gutt Besserung wënschen. No hirer „Haushymne : Mir si vum Becheler d’Sänger“ hu si, ënner der Leedung vum Jean Kandel nach epuer flott Lidder zum beschte ginn an dunn all Gäscht gebieden mat ze sangen. „Kättche, Kättchen“, „d’Hechtercher aus der Stad“, „Miselerliddchen“ an „Dicksiana“ hu mat vill Begeeschterung a Freed gutt geklongen. Och de „Wäimarsch“ an de „Rantjen“ hunn d‘Nolauschterer vill applaudéiert. Mat méi enger eeschter Nout, ass „Verlaangeren“ vum Louis Petit beim Publikum gutt opgeholl ginn. Nom onëmgänglechen Neijooschpatt ass dëse flotten Nomëteg ausgeklongen.

���