Changer d'édition

Tour du Duerf zu Groussbus

Op Initiative vum Mobilitéitsatelier vum Réidener Kanton ënnert der Leedung vun der Klimaberoderin Caroline Schmit, hunn eng Ronn 20 begeeschter Groussbusser Vëlosfuerer ee flotten Tour zesummen duerch hier Gemeng ënnerholl. Ziel war et deene Gemengevertrieder, déi mat vun der Partie waren, Iddien a Verbesserungsvirschléi z'ënnerbreeden, wéi een de Vëlo nach méi attraktiv an eiser Gemeng kéint maachen. Bei schéinstem Hierschtwieder huet d'Gemeng et sech och net huele gelooss ale Participanten e Patt nom Effort z'offréieren.