Changer d'édition

Kommt schwätzt mat iwwert eng méiglech Fusioun Groussbus-Wal

Beim Optakt vun den Diskussiounsowenter zum Projet vun enger eventueller Gemengefusioun Groussbus-Wal haten sech vill interesséiert Matbierger zu Gréiwels am Centre Nei Brasilien afonnt, dëst natierlech am Respekt vun de néidege sanitäre Reegelen. No der Begréissung an engem kuerzen Historik vun der Waler Buergermeeschtesch Christiane Thommes-Bach war et un deenen eenzele Gemengeréit sech virzestellen an hier jeeweileg Vue vun enge méiglecher Fusioun duer ze leen. Nodeems de Groussbusser Buergermeeschter Paul Engel d'Resultat vun enger Stäerkten a Schwächten Analys vu béide Gemenge presentéiert huet, konnten d'Awunner vu Gréiwels, Brattert a Randschelt hier Froen zu deene verschiddensten Aspekter vun enger méiglecher Fusioun stellen. Et huet sech am Laf vum Owend e flotten a liewegen Dialog tëscht de Bierger an hire gewielte Vertrieder entwéckelt, deen och bei deenen nächsten Owender an aneren Dierfer weider gefouert soll ginn.