Changer d'édition

Hämmelsmarsch zu Groussbus trotz Covid-19

Der Groussbusser an der Waler Musek war et wichteg och ënnert schwéiere Konditiounen de Groussbusser Leit hire Kirmesständchen ze spillen. Op allgemeng grouss Zoustëmmung ass dës Aktioun op Päischtsamsden bei de Groussbusser Awunner gestouss, déi sech et och net huele gelooss hunn, d'Musikante fir hiren Effort ze felicitéieren, an och mat engem klengen Drénkgeld ze belounen.