Changer d'édition

Gutt Noperen asbl Groussbus spent fir den Télévie 2020

D'Gutt Noperen asbl vu Groussbus huet dëser Deeg den Erléis vun hirem 1. Stroossemaart 2019 zu Groussbus, eng ronn 3.456,78 €, integral der Aktioun Télévie 2020 gespent, an domadder hir Ënnerstëtzung an der d'Lutte géint de Kriibs ënnerstrach. Dëst Joer ass de Stroossemaart leider der Pandemie vum Covid-19 zum Opfer gefall, mee di äifreg Ekipp plangt elo schonn un der Editioun 2021, wou den Erléis och erëm engem gudden Zweck zu gutt kéint.