Changer d'édition

D'Buerg huet gebrannt zu Groussbus

D'Amicale vun de Groussbusser Pompjeeë konnt dëst Joer vill Visiteuren op hirem Buergbrenne begréissen. Nodeems d'Leit sech mat engem gudde Wippchen oder engem leckeren Ierbessebulli am Parsall gestäerkt haten, ass et du mat der Fackel am Grapp d'Boschent erop gaan, wou kuerz drop d'Buerg, an domadder hoffentlech och de Wanter, verbrannt gin ass.