Och zu Groussbus ass sech dëser Deeg un de Widderstand vum Lëtzebuerger Vollek géint d'Nazioccupatioun am zweete Weltkrich erënnert ginn.
Dëst Joer ass besonnesch un déi Fraen, Mammen a Meedercher geduecht ginn, déi an der Bléi vun hirem jonken Alter an de Reichsarbeitsdienst forcéiert goufen, a woubäi 58 Fraen an der Friemd gestuerwe sinn.
Dem Buergermeeschter Paul Engel war et wichteg grad an dësen Zäit, wou Rassismus a Friemenhaass, souwéi Ausgrenzung vun anescht Denkenden erëm iwwerhand huelen an Europa, drun z'erënneren, dat et u Jidderengem vun eis läit Wäerter ewéi Toleranz, Mënschlechkeet a Fridden héich ze halen, an de néidegen Zivilcourage opzebréngen dës Wäerter och ze verdeedegen.