Changer d'édition

30 Joer Dammenturnveräin Groussbus

Am Kader vun hirer Generalversammlung huet den Dammenturnveräin vu Groussbus säin 30. Anniversaire gefeiert. Nom kuerze Réckbléck iwwert di méi schwéier Covid Zäit gëtt bei der dynamescher Ekipp erëm vertrauensvoll an d'Zukunft gekuckt, wou aktuell d'Coursen all gutt besat sinn. Fir Enn November steet d'Theaterekipp vum DTV '91 Groussbus och erëm op der Bühn mam Stéck "Cash an d'Täsch", eng lëschteg Komedie, wou d'Laachmuskele garantéiert gefuerdert ginn.