Changer d'édition

Cash an d'Täsch

20
nov.
2021
20 nov. 21 nov. 26 nov. 27 nov.

D'Theaterekipp vum Dammenturnveräin vu Groussbus invitéiert op seng Virstellungen vum lëschtege Koméidisstéck "Cash an d'Täsch" vum Michael Cooney an der Iwwersetzung vum Lucien Meyers. Gespillt gëtt Samschdes, den 20. November; Freides, de 26. November a Samschdes, de 27. November, jeeweils um 20h00; Sonndes, den 21. November geet de Riddo um 17h00 op am Festsall zu Groussbus. Reservatioune ginn entgéint geholl um tel 23629262 tëscht 19h00 an 22h00, SMS op de 691 629262 oder via mail un theater.dtv91@gmail.com.