Changer d'édition

90te Gebuertsdag

Zesumme mat hirer Famill an hire beschte Bekannten huet d'Madame Yvette Olinger-Lauer hir 90 Joer kierzlech am Kinoler zu Koler gefeiert. Mat beschter Laun ass di rüsteg Jubilarin vun 3 Generatioune bei engem gudden Iessen gefeiert ginn an huet sech duerno vun engem Kuerzfilm aus hirem Gebuertsjoer an enger Diasprojektioun mat Biller aus hirem Liewen am Kinoler iwwerrasche gelooss.

D'Yvette huet de 16. Februar 1929 zu Diddeleng fir d'éischt d'Liicht vun dëser Welt gesinn fir dann hir Jugend als eelst vun 3 Geschwëster an der Staat Lëtzebuerg zesummen mat hirer Famill ze verbréngen. Nom Krich ass si fir hir Ausbildung an d'Schwäiz an an d'Tierkei gaange. Zu Paräis huet si duerno hiren Ofschloss als Kinesitherapeutin gemaach. Nodeems se 1955 mam Dr Raymond Olinger bestuet ginn ass an 1956 eng Duechter gebuer gouf, huet se an der Stad als Kinesitherapeutin geschafft bis si decidéiert huet, sech aus dem Beruff zréckzezéien fir sech ëm hir Famill ze këmmeren. Hire Mann Raymond ass leider scho 2004 gestuerwen.

Als Ofschloss vun der Feier konnt eng Spend vun 1.000.-€ un d'Multiple Sclérose Lëtzebuerg iwwerwise ginn.