Changer d'édition

Sängerbond Furen feiert 120 Jar - Nei Uergel ageweit

Am Rumm vun enger feierlicher Andacht zu Fueren gouf déi nei elektronisch Uergel Johannus Ecclesia T250, installéiert vun der Firma Pianos Kelly vun Nidderaanwen, vum Deche Fränz Muller, assistéiert vum Deche René Feltes an dem Paschtouer Gustave Lusasi aus dem Congo, deen dëse Moment zu Fueren an der Vakanz war, geseent.

E wonnerbaren Uergelrécital, offréiert vun den Organisten Paul Hoffmann, Gilbert Hamus a Jacques Theis mat Wierker vun G.F. Händel, J.S. Bach a Louis Vierne, huet déi schéin Klangfaarw vun dësem Instrument erkenne gelooss. D’Lautsprecher sinn an enger wonnerbarer päifenimitéierter Konstruktioun, entworf a realiséiert vun engem Hobbyschräiner, ënnerbruecht.

An enger uschléissender Réceptioun huet de President vun der Fuerener Chorale Sängerbond, Paul Muller, alle Bedeeligten un dësem Projet merci gesot an de Buergermeester Ali Kaes huet de Gesangveräin fir dës Uschafung félicitéiert an op den Eirewäin agelueden. (C.)