Changer d'édition

Scheckiwwereechung bei den Ettelbrécker Guiden

« D’Pippi mat de laange Strëmp », dës weltbekannten a witzeg Geschicht vun deem stäerkste Meedche vun der ganzer Welt, hunn d’Ettelbrécker Guiden mat groussem Succès Ufank November zu Ettelbréck am CAPE presentéiert.

No zwee Méint intensivem Prouwen, Bühnbauen, Kleederbitzen, hunn 29 Kanner a Jugendlecher tëschent 8 an 17 Joer op der Bühn hiert Bescht gi fir mei wéi 2200 Zuschauer ze begeeschteren. Hannert a ronderëm d’Bühn ware méi wéi 90 Leit am Asaz an hunn fir de gudden Oflaf gesuergt.

D’Ettelbrécker Guiden hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir een Don vu 1000 Euro fir de Chalet „Relais de l’Amitié“ vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ze iwwerreechen.